Radioen

On air

Notturno  |  Will Epstein - Oyster Bay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Syresch Iwwergangsregierung ënnerschreift Ofkommes mat kurdescher SDF-Miliz

Syrien

Syresch Iwwergangsregierung ënnerschreift Ofkommes mat kurdescher SDF-Miliz

Alles dat, wat d'Miliz kontrolléiert, dorënner d'Grenziwwergäng, de Fluchhafen an d'Pëtrol- a Gas-Felder géifen domat an de syresche Staat integréiert ginn.

auto_stories

1 min

picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner/Fabian Steffens | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner/Fabian Steffens
Kurdesche Fändel (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner/Fabian Steffens)

Den Accord géif och d'Inclusioun vun alle reliéisen an ethnesche Gruppen a Syrie garantéieren, sou déi staatlech syresch Noriichtenagence. 

Dës Annonce steet awer weider am Schied vun de Massakere vun Honnerten alawiteschen Zivilisten. Dat ass d'Communautéit, zu der och de fréiere gestierzte President Bashar al Assad gehéiert. Responsabel dofir ware Member vun der Police an Arméi vum aktuelle Regime, seet d'ONG Syreschen Observatoire fir Mënscherechter. De syreschen Interimspresident Ahmed al-Scharaa huet eng onofhängeg Enquête ugekënnegt.