Radioen

On air

Notturno  |  Anatole Muster, Daniel Hayn & Takoda - Now That Ur Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rakéit gefall un der Grenz Ägypten-Israel

Noen Osten

Rakéit gefall un der Grenz Ägypten-Israel

An Ägypten no bei der Grenz zu Israel soll hënt eng Rakéit gefall sinn. De lokale Medie no solle sechs  Persounen derbäi blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

Et ass onkloer ob et sech ëm eng israeelesch Rakéit handelt. Israel huet jo zanter dem Terrorugrëff vum 7.  Oktober Ziler an der Gazasträif massiv bombardéiert. Déi ägyptesch Arméi ass am gaangen eng Enquête ze féieren.

D‘USA hu wéinst dem Gaza-Konflikt eng 900 Zaldoten an de Noen Oste verluecht. D‘Truppe géifen net an Israel geschéckt ginn, mee sollen d‘Unitéiten déi schonn an der Regioun stationéiert sinn ënnerstëtzen.