Radioen

On air

Notturno  |  Jacques Charlier - L'Amour Dans Les Chansons

play_arrow Live
search

/ RN rifft zu enger "friddlecher Mobiliséierung" am ganze Land op

Roserei bei der Partei wiisst

RN rifft zu enger "friddlecher Mobiliséierung" am ganze Land op

Een Dag no der Verurteelung vun der Marine Le Pen wiisst d’Roserei bei hirer Partei, dem rietsextremen RN, deen elo zu enger Mobiliséierung oprifft. Iwwerdeems huet sech och de Premier François Bayrou eng éischte Kéier zu Wuert gemellt a wëllt een Debat iwwer d’Execution provisoire. 

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Den RN geet an d’Offensiv: Nodeems d’Marine Le Pen gëschter um Méindegowend Invitée op TF1 war, war et um Dënschdegmoien um Parteichef Jordan Bardella op CNews a kuerz dono u béide bei enger Pressekonferenz. D’Marine Le Pen sot, d’Establishement hätt d’Atombomm géint si agesat, well si d’Presidentiellen an 2 Joer soss gewanne géing. 

Och de Jordan Bardella sot, et géif alles ënnerholl ginn, fir eng Victoire vum RN ze verhënneren. Dofir rifft de Parteichef elo zu enger friddlecher Mobiliséierung am ganze Land op. E Sonndeg soll et zu Paräis zu engem grousse Rassemblement kommen.

Regierung ënnerstëtzt Riichter

Eng éischte Kéier huet sech dann och de Premier François Bayrou zu Wuert gemellt. Hie sot, et géing der Regierung net zoustoen, d’Entscheedunge vun der Justiz ze kritiséieren. Villméi misst een elo de menacéierte Riichter déi onageschränkten Ënnerstëtzung zousoen.

Trotzdeem sot de Bayrou, datt et Iwwerleeunge gëtt, iwwer d’Execution provisoire - also déi direkt Ëmsetzung vun enger Strof - ze diskutéieren. De Le Pen-Alliéierten Eric Ciotti huet fir Juni e Gesetzesprojet ugekënnegt, fir dëst Instrument ofzeschafen.

De Justizminister Gérald Darmanin sot iwwerdeems, hie wéilt, datt den Appellprozess vun der Marine Le Pen an engem raisonabelen Delai stattfënnt.

Lauschterenplay_arrow