RESC-LU ass d’Ofkierzung fir d’Reserve de capacité spécifique de la sécurité civile du grand-duché du Luxembourg. D’Iddi ass et, méi Hëllef fir d’Gemenge bereetzestellen, souwuel wärend, an no enger Katastroph, erkläert de Léon Gloden.
Gestioun vun Naturkatastrophe soll vereinfacht ginn
Am Laf vum nächste Joer soll RESC-LU gesetzlech verankert an och ëmgesat ginn,
"RESC-LU soll eng national Base de données opstellen a verwalten, an där net nëmmen d’Material vum CGDIS opgefouert gëtt, mee d’Ekipementer vun alle staatlechen Organisatiounen, wéi zum Beispill och vun der Arméi, oder Ponts et chaussée, mee och vu grousse Baufirmen, Transportfirmen oder Bauerebetriber. Well am Noutfall, an dat hunn d’Iwwerschwemmunge virun e puer Joer gewisen, brauch een all Ekipement. A schnell."
Virun allem d’Gestioun vun Naturkatastrophen oder sanitäre Krise soll domat vereinfacht, an de CGDIS méi résilient ginn, sou de Léon Gloden.
"Mir wäerten eis an den nächste Jore sécherlech verstäerkt mam Theema vun der zivil-militärescher Zesummenaarbecht ausernee setze mussen. D’Efforte fir Europa, a fir eist Land méi verdeedegungsfäeg ze maachen, mussen Hand an Hand goen."
An dat och iwwert d’Landesgrenzen eraus. A virun allem an Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner, sou nach den Inneminister.
LU-Alert soll ausgebaut ginn
Op der drëtter Bärbelefeier vum CGDIS um Méindegmoien am Cercle Cité huet den Inneminister Léon Gloden ugekënnegt, datt d’nächst Joer all éischte Méindeg vum Mount den nationale Warnsystem LU-Alert zesumme mat de Sireene wäerte getest ginn.