Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Hannah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ „Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien“: „Médecine douce“ vum Nicolas Rey

Buchkritik

„Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien“: „Médecine douce“ vum Nicolas Rey

Deen neie Roman vum Nicolas Rey ass eng zynesch Fabel iwwer Léift a Bedruch am spéide Kapitalismus. Déi weist, datt et onméiglech ass, sech aus enger Situatioun erauszezéien, déi op moralesch verwerfleche Prämisse baséiert. De Jeff Schinker huet d'Buch rezenséiert.

auto_stories

8 min

Den Nicolas Rey gehéiert der Generatioun vu freche männleche franséische Schrëftsteller un, déi hir sexuell Obsessiounen an hiren Drogekonsum net just an hirer Literatur zelebréieren. Hire Patron Saint ass ganz kloer de Michel Houellebecq. Hirt Leitmotiv eng hedonistesch (an domat falsch) Interpretatioun vum Épicure. Hire chef de file ass keen anere wéi de Frédéric Beigbeder, dee mat Nouvelles sous ecstasy, Vacances dans le coma an L’amour dure trois ans séier de Statut vum neien Enfant Terrible vun der franséischer Literatur krut.

Ermiddend Provokatiounen déi no hanne lassginn

Een dubiéise Ruff, deen en duerch 48 Stonnen an enger Garde à vue zementéiert huet. An der Garde à vue war den Auteur nämlech gelant, nodeems d’franséisch Police d’Kreditkaart, mat där hien zesumme mam Simon Liberati Kokain op dem Capot vun engem Auto gezunn huet.

Ma ebe genee wéi eng Kreditkaart huet och déi Generatioun vu schnellliewegen Auteuren ee Verfallsdatum. An Zäite vu #metoo an der Cancel-Culture, an deene Schrëftsteller, esou schnéiwäiss wéi d’Substanzen, déi se konsuméieren, oft am Viséier stinn, ass et kloer, datt en Auteur wéi de Beigbeder, deen sech fir d’Legaliséierung vun der Prostitutioun asetzt an a sengem leschten Essai haaptsächlech behaapt, datt Männer „soss näischt wéilte wéi alles neelen, wat net bei dräi um Bam ass“, iergendwann a Verruff geréit. An datt seng e bëssen ermiddend Provokatioune mëttlerweil haaptsächlech no hanne lassginn.

Manner selbstgefälleg, wéi ee vum Auteur gewinnt ass

Wann all déi Auteuren ee Mouvement littéraire sollen duerstellen, da wier den Nicolas Rey zum Frédéric Beigbeder, wat d’Band Travis zu Coldplay ass. Laang waren dem Rey seng Bicher, déi beim Diable Vauvert eraus kommen, och e bësse wéi eng Beigbeder B-Säit.

Mat Médecine douce weist de Rey allerdéngs engersäits, datt seng Generatioun nach wibbelt an net wëlles huet, sech vun dem neien Trend zu enger Bienséance, déi mer fir d’lescht esou op de Büne vum franséischen Theater am 17. Joerhonnert erlieft hunn, kleng kréien ze loossen.

Anerersäits mierkt een Médecine douce awer och un, datt den Alter dem Rey gutt zu Gesiicht steet: dem Rey säi mëttlerweil 12. Roman ass manner selbstgefälleg, süffisant a solipsistesch, wéi een dat vum Auteur gewinnt ass.

Diagnostike mat Punchlines

A Médecine douce geet et em de Martin Faubert, een Hausdokter, deen seng Prestatioun jee no Sympathie a Portmonni vun de Patienten anescht verrechent. Déi aarm a verluere musse just eemol hir Carte vitale weisen, déi räich a selbstsécher kréien e gepefferten Tarif ze bezuelen.

Esou freet e beispillsweis dem substanzenofhängege jonke Journalist Nicolas Royant, deen am Laf vun der Erzielung zu sengem Side-Kick avancéiert, keng Suen. Der Mamm, déi besuergt ass, well hire Bëbee kräischt oder dem alen Ökolog, deen em Lektiounen iwwert Bëtz a Verschwendung gëtt, op d‘mannst dat duebelt vum normale Consultatiounstarif. Gratis si seng Punchlines, mat deenen e säin Diagnostik zerwéiert:

C’est logique qu’il n’arrête pas de chialer votre gosse, madame. Dès la naissance, si le chiard pousse des hurlements, ce n’est pas pour faire sa crise d’adolescence ni exiger le dernier iPhone 14. C’est juste qu’il connaît sa première crise de manque, c’est juste qu’il souffre le martyre d’avoir été projeté dans un monde qui n’est pas le sien et qui n’est pas à sa température. Et la première fois que vous lui avez donné le sein, lui s’est tapé sa première colique. […] La vie d’un nouveau-né n’est qu’un long chemin de croix peuplé de tortures et de tourments.

Deontologesch fragwürdeg

Esou fluktuéiert et monter an der Praxis vum Dokter. Bis e sech onstierflech an d’Aurore Rosier, eng bestuete Patientin a knallhaart Businessfra verléift. Fir déi dozou ze kréien, de Mann ze verloossen, fälscht en hire Blutttest a léisst si mat Hëllef vun engem änlech deontologesch malleabel agestallte Kolleeg am Labo positiv op Syphilis testen. De Mann gesteet en eemolege Bedruch mat enger Studentin, behaapt awer, dat wier éiweg a kéint net Ausléiser vun der frësch diagnostizéierter STD sinn.

Vum Dokter zum Boytoy

Den hannerhältegen Trick dréit seng Friichten: fir d’éischt daucht déi knallhaart Business-Fra a senger Praxis op a gëtt em d’Zäit vun enger Consultatioun, fir si ze befriddegen. Duerno gesinn déi zwee sech heiansdo. Dorënner eemol zu Tunis, wou déi räich Fra hie wéi en Boytoy, zu deem den Dokter u sech och degradéiert gëtt, an ee Luxushotel bestellt, fir tëschent zwee Aarbechtsterminer mateneen ze schlofen.

No an no entgleist dem Dokter säi Privatliewen. Hie verléiert Fra a Kand, gesäit seng Duechter – dee sympatheschste Personnage vum Buch – just nach heemlech a stierzt sech schlussendlech an eng ganz offiziell Relatioun mat der Aurore Rosier.

Gefälschte Blutttest als Damoklesschwäert

Eng Relatioun, déi ëmsou méi toxesch ass, well d’Fra ni doheem ass, hien tëschent der Educatioun vun hiren zwou Duechteren, sengem Kabinet a sengen eheleche Verflichtungen esou iwwerfuerdert ass, datt e bei sengem Patient, Acolyt an Dealer Nicolas Royant ufänkt, wäissen Opputschpofer ze kafen. Dann an enger Rei vun hilarante Kapitelen an d’Ofhängegkeet fält, tëscht all Patient:in op der Schaff an heemlech doheem Linnen a Linne Koks zitt bis en zesummebrécht an enger Entzéiungskuer lant.

Domat net genuch: Natierlech hänkt seng Ursënn, de gefälschte Blutttest, wéi en Damoklesschwäert iwwert em, an et gesäit ee kommen, datt d’Wourecht den toxikomanen Dokter iergendwann anhëlt.

Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien, ass dat anonymt Proverb, dat dem Rey säin 12. Roman ufänkt. Ee Proverb, vun deem ee kann unhuelen, datt den Auteur et eegens fir seng Fiktioun erfonnt huet. 

All Personnage komplett an total verluer

Duerch seng kuerz Kapitelen a seng wansinneg iwwerdriwwen, schnell a schrecklech witzeg Erzielung, duerch de séiere Rhythmus vu Stil an Narratioun huet de Roman scho bal eppes vun enger Fabel, enger Allegorie. Médecine douce ass wéi een erotescht Märchen am Zäitalter vum Kapitalismus, dat dem Neoliberalismus senger Permissivitéit en änlech knaschtegen, egoisteschen an libertären Individualismus entgéint stellt.

Dobäi ass all Personnage, vun der Aurore bis zu hirer Duechter Justine – där hire Virnumm net fir näischt eng Referenz op de Marquis de Sade duerstellt – iwwert d’Patienten, déi den Dokter un- a sech selwer an d’Täsch léien – komplett an total verluer.

Jidderee schaaft sech seng eege Moral

Am spéide Kapitalismus, an deem, wat de Gilles Lipovetsky l’ère du vide nennt, ass et nämlech total zoufälleg, wie gerett gëtt a wien net. Verschidde Persoune fannen eng Zort Erléisung, anerer falen an ee Lach ouni Buedem, dat alles no enger bal zoufälleger Logik.

Well de spéiden, wëlle Kapitalismus keng Moral huet, schaaft jiddweree sech seng eegen, handelt no de méi oder manner ethesche Prinzippien, déi en sech selwer kreéiert huet. Pokert, datt e mat senge Matmënsche laanschtenee liewe kann, sech beschtefalls vun hinnen hëlt, wat e braucht. An hofft, datt en net iergendwann am gesellschaftleche Rampeliicht steet, wou eng anonym Mass e jugéiert.

D’Zoufällegkeet vu sozialem Op- an Ofstieg huet dobäi bal eppes Proustianesches. Och wann dem Rey säi Stil, einfach awer effikass, ëmmer da just dernieft, wann e versicht, pornografesch ze sinn an esou beméit ze provozéieren, glat a guer näischt mam Proust ze dinn huet, deen awer nawell an der Mëtt vun engem Buch iwwert eng tragesch Léift natierlech opdauche muss. 

Héich verwerflech, ze rassistesch, ze vill Sex

Wéi de Faubert spéider, also quasi och nees wéi de Proust, seng Erléisung am Schreiwe fënnt, kritt en dauernd vu sengem Conseiller – kengem anere wéi dem Royant – gesot, all dat, wat mer grad ze liese kruten, wier héich verwerflech a kéint een haut definitiv net méi esou publizéieren.

Vu senger Beschreiwung vun der Malineesche Patientin, där hir Liewer freckt ass an déi awer behaapten, si géife keen Alkohol drénken oder dem streng gleewege Musulman, dee vum Dokter erwaart, datt e seng Fra, déi kee Voile méi droe wëll a souguer an de Kino wëll, heelt, bis zu enger Verféierungszeen mat der drogéierter Stéifduechter.

Ze rassistesch, ze vill Sex, esou de Verdikt. Domat setzt de Rey sengem jouissif-amoralesche Roman nach d’Kiischt vum ethesch Pseudo-Korrekten drop. De Roman liest sech effektiv wéi een ee kalorieräicht Stéck Kuch – mat engem plaisir coupable.

Kultur
Literatur