Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Quadripartite: Gesondheetskeess huet fir 2025 ee Minus vun 160 Milliounen Euro

Gesondheet

Quadripartite: Gesondheetskeess huet fir 2025 ee Minus vun 160 Milliounen Euro

Dëst Joer huet d'Krankeversécherung een Defizit vu 40 Milliounen Euro. D'lescht Joer gouf et nach ee Bonus vun 100 Milliounen Euro. Fir 2025 gëtt et ee Minus vun 160 Milliounen Euro, esou d'Gesondheetsministerin no der Reunioun vum Comité vun der Quadripartite. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Martine Deprez | © Florian Rogner play_arrow

Well d'Reserven awer iwwer 10 Prozent leien, wäert et keng Erhéijung vun de Cotisatiounen d'nächst Joer ginn. 

Eng weider informell Reunioun ass fir nächst Joer am Abrëll oder Mee geplangt. Bis dohinner solle Pisten ausgeschafft ginn, wéi een aus där defizitärer Situatioun kéint erauskommen.

Déi Defiziter wieren engersäits bedéngt duerch een Aarbechtsmaart, deen net méi esou séier wiisst an duerch d'Depensen, déi weider an d'Luucht ginn, preziséiert d’Gesondheetsministerin Martine Deprez.

Aarbechtsgrupp soll Prioritéitelëscht opstellen

De Verwaltungsrot vun der CNS soll eng Lëscht opstelle vun all deenen Depensen, bei deenen ee kéint handelen. De Marc Wagener, Direkter vun der Patronatsorganisatioun UEL erkläert, hiren Zoustännegkeetsberäich wier et eng Prioritéitelëscht ze maachen, iwwer Leeschtungen, déi verbessert kënne ginn.

"A mir kruten och gesot, mir sollten eng Lëscht opstelle vu Saachen, déi mir mengen, déi eigentlech Objets-friem sinn, an déi dann net sollen iwwer d'Cotisatioune bezuelt ginn, mee iwwer dee Moment iwwer de Staatsbudget."

Christophe Knebeler: Handelen an net weider analyséieren

Iwwer déi Punkte wier scho laang diskutéiert ginn, awer näischt ënnerholl ginn, bemierkt de Christophe Knebeler vum LCGB:

"Si hëlt dat mat, wat mir da souwisou schonn dräi Joer diskutéieren, d'Maternité, d'Fraise vun de Spideeler, alles dat ass net nei. Duerch si muss een dat elo nach eng Kéier do kucken an analyséieren."

Et sollt een eng Decisioun huelen, am Plaz nach weider ze kucken an ze analyséieren, fënnt de Christophe Knebeler.

Jiddwereen an der CNS wier sech bewosst, datt an den nächste Joren eppes muss geännert ginn, an do géif et esouguer eng Urgence ginn, seet de Carlos Perreira vum OGBL. Hie bedauert, datt hei net selwecht diskutéiert gëtt wéi iwwer eng Pensiounsreform. 

Eng Ännerung bei der Finanzéierung vun der CNS dierft et allefalls nächst Joer dann net ginn, well déi nächst Reunioun vun der Quadripartite ass am Mee nächst Joer. 

Lauschterenplay_arrow