Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Putin wier oppe fir Gespréicher mat Kiew

Wärend Offensiv zu Kursk

Putin wier oppe fir Gespréicher mat Kiew

De russesche President Wladimir Putin huet ugekënnegt oppen ze sinn fir Gespréicher mat Kiew ze féieren. Matte wärend der ukrainescher Offensiv an der Regioun Kursk.

auto_stories

1 min

© picture alliance / globallookpress.com | Petrov Sergey
Foto: picture alliance / globallookpress.com | Petrov Sergey

Op engem Wirtschaftsforum zu Wladiwostok sot hien haut, datt ee sech net weigere géif, wann d‘Ukrain ëm ee Gespréich biede géif. De Wladimir Putin huet awer betount, datt dës Gespréicher op den Dokumenter baséiere missten, déi ugangs 2022 zu Istanbul festgehale goufen. Dës Texter goufen awer ni verëffentlecht an d‘Ukrain huet eng Eenegung ëmmer dementéiert.

Op deem Wirtschaftsforum zu Wladiwostok huet de Putin iwwerdeem och ugekënnegt, déi demokratesch Kamala Harris bei den US-Presidentschaftswalen am November ze ënnerstëtzen. Dat een Dag no de Virwërf vun der US-amerikanescher Regierung, sech an den aktuelle Presidentschaftswalkampf anzemëschen.