Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Etüd: Psychesch Belaaschtung am héchste bei verstäerktem Konsum vu soziale Medien

Gesondheetspersonal wärend der Pandemie

Etüd: Psychesch Belaaschtung am héchste bei verstäerktem Konsum vu soziale Medien

Déi psychesch Belaaschtung beim Gesondheetspersonal an Europa war och wärend der drëtter Well vun der Covid-Pandemie weiderhin héich. Zu engem Zäitpunkt also, wou schonn ee gudden Deel vun der Bevëlkerung an och vum Gesondheetspersonal geimpft war. Dat weist eng nei Etüd, déi tëschent November 2021 a Februar 2022 an aacht europäesche Länner realiséiert gouf - dorënner Lëtzebuerg. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Ganze goufe 1.400 Persounen aus dem Gesondheetssecteur befrot. Ee Véierel vun de Befrote kënnt aus Lëtzebuerg, erkläert den Dr. Charles Benoy, dee Psycholog a Psychotherapeut an der Rehaklinik zu Ettelbréck ass, an un där Etüd matgeschafft huet.

"Dat heescht, mir kéinten am Fong soen, datt Lëtzebuerg iwwer-representéiert ass. Dat heescht, dat hei gëtt eis virun all och ee gutt Bild, wéi d’Stëmmung zu Lëtzebuerg war."

An déi war Enn 2021, Ufank 2022 net gutt. Beim Fleegepersonal weist all Véierten an der Etüd Symptomer vun enger schwéierer Depressioun op, a beim Personal op den Intensivstatiounen ass de Wäert fir Stress an Angschtzoustänn am héchsten. An dat zu engem Moment, wou een eigentlech gemengt hätt, et kéim ee lues a lues aus der Pandemie eraus, ënnersträicht de Charles Benoy.

"De Gros vun de Leit, déi matgemaach hunn an der Studie, déi ware scho geimpft oder voll geimpft. Déi haten déi ganz Mesuren duerchgemaach. Dat war eben dat wat deemools och intresséiert huet: Wéi wierkt sech dat da lo aus op dat subjektiivt Empfanne vun de Leit déi do am Spidol schaffen, déi jo lo am Fong besser geschützt waren, ewéi an deenen éischte Wellen."

Konsum vu Medien als Haaptfacteur

An nach eppes fält an der Etüd op: Dat psychescht Leiden ass besonnesch staark bei deenen, déi verstäerkt déi sozial Medie consomméiert hunn.

"Hei schéngt et schonn esou ze sinn, dass grad an där Grupp vu Leit, déi soen, ech hu mech virun allem iwwert déi sozial Medien informéiert, dass do virun allem sou en negative Feedback op d'Befanne konnt observéiert ginn, an dass déi Leit vill méi staark gelidden hunn, wéi déi Leit, déi sech anerwäerteg informéiert hunn. Mir gesinn an eiser Populatioun eben och Leit, déi Tëlee gekuckt hunn, fir sech ze informéieren oder Radio gelauschtert hunn, an do war d'psychesch Belaaschtung manner héich."

Dat wier awer ee Facteur op deen e kéint awierken, mengt de Psycholog a Psychotherapeut. Zum Beispill an deem ee mam Personal iwwer de Konsum vu Medie géing schwätzen, grad an akute Situatiounen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Gesondheet
National
Politik a Gesellschaft