Radioen

On air

Notturno  |  Björk - Venus As A Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess wéinst Doudschlag zu Téiteng: Fra wëllt Strof reduzéiert kréien

Justiz

Prozess wéinst Doudschlag zu Téiteng: Fra wëllt Strof reduzéiert kréien

Op der Cour d’appel gouf sech de Méindeg de Mëtteg mam Doud vun engem Mann, am September 2019, zu Téiteng befaasst. Hie war vu senger Fra ëmbruecht ginn, mat am Ganzen 10 Messerstéch. Am November war si dofir um Stater Geriicht zu 25 Joer Prisong, 7 dovu mat Sursis, verurteelt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Déi éischt Riichteren haten Doudschlag zeréckbehalen an net Mord, dat heescht eng Dot ouni Virsaz. D’Fra wëllt déi 18 Joer feste Prisong am zweete Prozess reduzéiert kréien, wat trotz der Gravitéit vun de Faiten net onméiglech schéngt.

D’Vertriederin vum Parquet général huet nämlech duerchblécke gelooss, datt déi 25 Joer sollte confirméiert ginn, déi zweet Riichteren awer net sollten ënner 20 Joer goen. A wat de Sursis ugeet, sollten net méi wéi 10 Joer gesprach ginn. Woubäi een déi schlëmm Faiten net aus den Ae verléiere sollt. Déi 10 Messerstéch géifen nämlech beweisen, datt d’Fra hire Mann dout maache wollt. Si wier am éischte Prozess och net méi op d’Geriicht komm, wéi et ëm hir eegen Aussoe goung, a si kéint sech u wichteg Momenter net erënneren. Sécher hätt hei e schlecht Bestietnis virgeleeën, mee dat géif déi brutal Dot net justifizéieren, esou d’Vertriederin vum Parquet général.

Fir d'Verteidegung leie Circonstances atténuantes vir

Do virdrun hat d’Maître Ewerling, Affekotin vun der Fra, erkläert, datt déi an éischter Instanz zäitweis net do gewiescht wier, well si dat net gepackt hätt. D’Dot vu viru bal 5 Joer, eng Familljentragedie, hätt net sollen an net däerfe geschéien. D‘Fra hätt awer am Virfeld dovu verschiddene Leit hiert Leed geklot, net gewosst, wat si maache sollt, an Zeien hätte gesot, si wier um Enn e Wrack gewiescht. Et hätt Indicë vun haislecher Gewalt ginn an e Suicideversuch vun der Fra, ee Mount virun der Dot. An den Ae vun der Maître Ewerling sollte manner wéi 25 Joer Prisong a méi wéi 7 Joer Sursis gesprach ginn, schliisslech léiche Circonstances atténuantes vir, zum Beispill, datt d’Fra d’Dot zouginn huet, kee Casier hätt an engem Psychiater no keng Gefor duerstelle géif.

D’Fra selwer, eng Damm mat wäiss-groen Hoer, déi a schlechter physescher Form geschéngt huet, sot um Enn vum Appellsprozess: “Ech wollt wierklech net, datt et esou wäit géif kommen. Ech wéilt et réckgängeg maachen, mee leider Gottes geet dat net.”

An Appellsurteel an dëser Affär gëtt de 26. Juni gesprach.

Lauschterenplay_arrow