Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - Orwell

play_arrow Live
search

/ Prozess géint Marine Le Pen: Drock op d'Regierung a selwer mam Réck zur Mauer

Frankräich

Prozess géint Marine Le Pen: Drock op d'Regierung a selwer mam Réck zur Mauer

A Frankräich steet d’Marine Le Pen vum rietsextreeme Rassemblement National den Ament ganz am Fokus vun der Aktualitéit an dat direkt wéinst zwee verschiddene Sujeten. Haut geet no 8 Wochen e Prozess géint si a weider 26 Ugeklote vun hirer Partei op en Enn. 

auto_stories

1 min

headphones

5 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

Si sollen tëschent 2004 an 2016 Sue vum Europaparlament verontreit hunn, fir national Mataarbechter:innen ze bezuelen, wat strikt ënnersot ass. De Parquet fuerdert 5 Joer Prisong, 3 op Sursis, an eng Spär vu 5 Joer fir politesch Ämter fir d'Marine Le Pen.

Zäitgläich ass si den Ament ganz aktiv als Oppositiounspolitikerin an huet dës Woch en vue gestallt, datt hir Partei bereet ass ee Mësstrauensvott géint d'Regierung ze stëmmen, wat zum Ofdanke vun dëser géing féieren.

D'Marine Le Pen üübt also Héichdrock op d'Regierung aus a steet awer och selwer mam Réck zur Mauer. 

Talk mam 100,7-Korrespondent Max Tholl

Lauschterenplay_arrow