Domat wieren se ee Verstouss géint dat internationaalt Recht. Den Hany Heshmat vum “Collectives for Palestine” huet erkläert, datt dës Bonds am Fong vun Irland autoriséiert goufen, mee wéinst dem grousse politeschen Drock dunn op Lëtzebuerg verluecht goufen.
D'Fuerderunge bleiwen déi selwecht
Dëst huet Kritik vun ONGen a Politiker ausgeléist, déi d’Regierung an d’CSSF dozou opgeruff hunn, ze reagéieren. Zënter datt d’CSSF dës Staatsobligatiounen den 1. September d‘lescht Joer autoriséiert hat, goufen et scho Protester an deem Kader.
Och lo wieren d‘Fuerderunge vu „Collectives for Palestine“ nach ëmmer déi nämmlecht. Si sinn der Meenung, datt d’Regierung Sanktioune misst verhänken an all Form vu Finanzéierung an dem Kader misst blockéiert a verhënneren. Och d’CSSF misst als onofhängeg Bankenopsiicht Verantwortung iwwerhuelen, esou den Hany Heshmat.
"Nous avons vu dans les derniers six mois toute une série de ping-pong entre le gouvernement et la CSSF."
CSSF weist op Regierung, an ëmgedréint
D'CSSF géif hinne soen, et géif een op d'Instruktioune vun der Regierung waarden. Déi hirersäits géif ëmmer nees betounen, datt d'CSSF onofhängeg wier.
"Nous pensons que maintenant il faut que le gouvernement prenne des décisions fortes, respecte simplement le droit international. On ne demande rien de plus."
Och d'CSSF misst hir Responsabilitéit droen, esou den Hany Heshmat.
"Qu'ils disent nous avons fait une erreur. Notre service juridique nous a peut-être pas très bien conseillé, mais maintenant il est le moment de stopper ici."
D'Vertrieder vu "Collectives for Palestine" hoffen also drop, datt d'CSSF hir Aschätzung an deem Dossier ännert.