D’Länner hu legal ganz ënnerschiddlech tranchéiert: An Däitschland, Eisterräich Griicheland oder Holland ass Sexaarbecht legal. A Schweden, Frankräich an Irland ginn d’Clientë bestrooft, an Rumänien an Kroatie maache sech Prostituéiert strofbar an a Litaue gëllt dat esou guer fir déi zwou Säiten.
Lëtzebuerg läit an der Mëtt, am Prinzip ass Prostitutioun net verbueden, allerdéngs net wann et sech em Affer vu Mënschenhandel oder Mannerjäreger handelt.
Clienten a net d‘Sexaarbechter:innen kriminaliséieren
Am Europaparlament sollt des Woch een Zeeche gesat ginn, dat hat sech allzäit déi däitsch Sozialdemokratin Maria Noichl gewënscht.
“Wir wünschen uns ein Europa, wo klar ist: Der Kauf einer Zustimmung zum Sexakt hat bei uns nichts verloren.”
Si ass d’Auteurin vun engem Rapport, an deem ënner anerem dozou opgeruff gëtt, datt Clienten, net awer d’Sexaarbechter:inne selwer solle kriminaliséiert ginn. Sexaarbecht dierft net wéi eng normal Aarbecht ugesi ginn, seet d’Europadeputéiert aus Bayern.
Maria Noichl: Fräiwëlleg Prostitutioun gëtt et kaum
Däitschland hätt Sexaarbecht liberaliséiert an dat hätt de meeschte Fraen an deem Beruff näischt bruecht. Déi allermeescht vun hinnen, géife sech deen Job nämlech net fräiwëlleg eraussichen.
“Selbstbestimmung beginnt dort, wo ich mich für oder gegen etwas entscheiden kann. Viele Frauen in der Prositution haben aber keine Wahl, für sie ist Prostitution die letzte und einzige Entscheidung.“
Si géifen et deemno net fräiwëlleg maachen, mee well se soss keng Méiglechkeeten hätten
Dat seet och d’Mireia Crespo vun der ASBL Isala, déi zu Bréissel um Terrain ronderëm d’Gare du Nord mat Fraen aus dem Milieu schafft. Och si verdeedegt de schwedesche Modell, an deem d’Client bestrooft ginn. Gëtt Prostitutioun wéi eng normal Aarbecht ugesinn, ass et méi schwéier aus deem System erauszekommen
“Parce que la prostitution n’est plus considérée comme une forme d’exploitation, elle est considérée comme un travail comme un autre. Donc comment être protégée et crût dans un système où la prostitution n’est pas considérée comme violence mais comme un métier comme un autre?”
En Usaz deen op Mënscherechter baséiert
Ganz anescht gesäit dat d’”European Sexworkes Alliance”. D’Allianz huet zesumme mat aneren Organisatiounen an engem opene Bréif d’Europadeputéiert dozou opgeruff, net fir dee Rapport ze stëmmen.
All Zort vu Kriminaliséierung géif net d’Rechter vun deene protegéieren, déi an deem Secteur schaffen, et misst ee vill méi en Usaz huelen, deen op Mënscherechter baséiert.
Déi Gréng stäipe sech géint Kriminaliséierung
Géint eng Kriminaliséierung sinn am Parlament och déi Gréng. Et sollt een éischter op Programmer setzen, déi de Betraffenen hëllefen aus dem Beruff erauszeklammen, seet d’Europadeputéiert Tilly Metz.
Si fënnt och, datt d‘Majoritéit vun de Leit déi am Secteur schaffen, dat duerch Konditioune wéi Aarmut oder Nout, maachen.
„Do muss een d’Problemer à la source a präventiv Aarbecht maachen. Ma ech denken net, datt d’Kriminaliséierung eng Léisung ass.”
Knapps Majoritéit am Parlament
De Vott am Parlament ass knapp ausgaangen: Zwar huet mat 234 Jo-Stëmme géint 175 Nee-Stëmmen eng Majoritéit fir eng Bestrofung vu Clientë gestëmmt.
122 Deputéiert hu sech allerdéngs enthalen. Dee Vott huet keng Konsequenzen, et bleift de Memberlänner weider selwer iwwerlooss, wéi si legiferéieren.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.