D‘Reglement trëtt a Kraaft, esoubal de Grand-Duc ënnerzeechent an et am Journal officiel publizéiert gouf. Vun 2024 u kéinten dann déi néideg Autorisatiounen ugefrot ginn, fir d‘Constructioun vum Nordstad-Lycée, ouni datt weider administrativ Prozeduren néideg wieren, heescht et an engem Communiqué vu béide Ministèren.
Am Laf vun 2025 kéinten Offeren ugefrot ginn. Den Ufank vum Chantier wier viraussiichtlech fir 2026 virgesinn.