Am Kader vum engem Projet mam Numm LeiLaW, deen elo am Dezember op en Enn geet, hunn d’Organisatiounen zesumme mat verschidde Partner a mat betraffene Fraen eng Lëscht mat 16 Recommandatiounen ausgeschafft.
Et brauch eng proaktiv approche
Eng Feststellung, déi dobäi gemaach gouf, ass, datt bei Gewalt géint Fraen opgrond vun hirem Geschlecht, d’Prozeduren, fir Asyl ze kréien, nach net duerginn. D’Ambre Schulz vu Passerell resuméiert, wat an hiren Aen do nach misst gemaach ginn.
"Ça nécessite de prendre en considération les violences dans la procédure d'asile, dans l'accueil des femmes, ça veut aussi dire aligner les statistiques."
Mee et wier schwéier Conclusiounen ze zéien, wann een net wësse géing, firwat eng Persoun Asyl kritt huet, esou d'Ambre Schulz. si schwätzt vun enger proaktiver Approche, déi ee misst adaptéieren.
"Adapter des conclusions politiques, adapter des formations, de toutes les personnes qui sont en contact avec les personnes là, et aussi avoir une approche bien plus proactive, en fait dès l’arrivée des personnes au Luxembourg, ce n’est pas que dans l’examen de la procédure de la Protection internationale que c’est important."
Eng weider Recommandatioun nom Ofschloss Projet Leilaw ass, datt och zu Lëtzebuerg eng Strategie muss ausgeschafft ginn, fir Fraen, déi hei liewen oder och net, viru Genitalverstümmlungen ze schützen, sou nach d’Ambre Schulz.