Radioen

On air

De Weekend  |  Alfie Jukes - Eyes Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Projet LeiLaW: No zwee Joer ginn elo Conclusioune gezunn

Schutz vun auslännesche Fraen a Meedercher

Projet LeiLaW: No zwee Joer ginn elo Conclusioune gezunn

Fraen a Meedercher, déi an Drëttstaaten Affer vun haislecher Gewalt gi sinn, sollen zu Lëtzebuerg Schutz kréien. Dat ass eng vun de Fuerderunge vun den dräi Lëtzebuerger Organisatioune Passerell, Douri a Ryse.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Am Kader vum engem Projet mam Numm LeiLaW, deen elo am Dezember op en Enn geet, hunn d’Organisatiounen zesumme mat verschidde Partner a mat betraffene Fraen eng Lëscht mat 16 Recommandatiounen ausgeschafft.

Et brauch eng proaktiv approche

Eng Feststellung, déi dobäi gemaach gouf, ass, datt bei Gewalt géint Fraen opgrond vun hirem Geschlecht, d’Prozeduren, fir Asyl ze kréien, nach net duerginn. D’Ambre Schulz vu Passerell resuméiert, wat an hiren Aen do nach misst gemaach ginn. 

"Ça nécessite de prendre en considération les violences dans la procédure d'asile, dans l'accueil des femmes, ça veut aussi dire aligner les statistiques."

Mee et wier schwéier Conclusiounen ze zéien, wann een net wësse géing, firwat eng Persoun Asyl kritt huet, esou d'Ambre Schulz. si schwätzt vun enger proaktiver Approche, déi ee misst adaptéieren.

"Adapter des conclusions politiques, adapter des formations, de toutes les personnes qui sont en contact avec les personnes là, et aussi avoir une approche bien plus proactive, en fait dès l’arrivée des personnes au Luxembourg, ce n’est pas que dans l’examen de la procédure de la Protection internationale que c’est important."

Lauschterenplay_arrow

Eng weider Recommandatioun nom Ofschloss Projet Leilaw ass, datt och zu Lëtzebuerg eng Strategie muss ausgeschafft ginn, fir Fraen, déi hei liewen oder och net, viru Genitalverstümmlungen ze schützen, sou nach d’Ambre Schulz.