Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Programméierschoul geet nächst Woch op

42 Luxembourg

Programméierschoul geet nächst Woch op

Vun e Méindeg u start déi nei Programméierschoul „42 Luxembourg“ fir Erwuessener vum Educatiounsministère, an zwar mat enger Proufzäit. 150 Studente kréie bis de 15. Dezember eng intensiv Formatioun a solle verschidde Projete realiséieren, fir eraus ze fannen, op si sech fir eng Carrière an deem Beräich intresséieren. 

auto_stories

1 min

Déi beschte Schüler kënnen sech qualifizéiere fir déi offiziell Rentrée vun der Schoul am Februar d‘nächst Joer, deelt de Ministère haut mat. 42 Luxembourg ass Deel vun engem Reseau vun 52 Campussen an 31 Länner, déi scho méi wéi 18.000 Studenten am Beräich vun den Technologies de l‘information ausgebilt hunn.

Et géif eng ganz grouss Demande an deem Secteur, heescht et am Communiqué. D‘lescht Joer goufen iwwer 5.000 Posten an deem Beräich bei der ADEM deklaréiert. En Drëttel méi wéi dat Joer virdrun. Déi nei Programméierschoul ass an den Digital Learning Hub um Belval integréiert.