Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Maribou State - Otherside Feat. Holly Walker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verdacht op Verstouss géint Jugendschutz - Verfare géint Meta ageleet

Facebook-Mammekonzern

Verdacht op Verstouss géint Jugendschutz - Verfare géint Meta ageleet

Bréissel geheit Meta vir hir Déngschter esou ze konzipéieren, datt si e Suchtverhale bei Kanner a Jugendlecher ausléisen. D‘EU-Kommissioun huet e Verfare géint de Facebook-Mammekonzern lancéiert.

auto_stories

1 min

© Bigstock / sergei_elagin
Foto: Archiv

Wéi et vu Bréissel heescht, kéint d‘Gestaltung vun den Zerwisser an Algorithme bei Kanner ee Suchtverhalen ausléisen. D‘Kommissioun wéilt elo weider Beweiser dofir sammelen. 

Gefaart gëtt, datt d'Algorithmen op Instagram a Facebook esou konzipéiert sinn, datt de Benotzer oder d'Benotzerin an ee sougenannt "Rabbit Hole" fält. Domat ass gemengt, datt ee sech esou déif an engem Thema verléiert, datt een net méi eraus fënnt. 

Algorithme kënnen theoretesch esou ee Verhalen erkennen an ausnotzen, sou datt Notzerinnen a Notzer méi Zäit op der Plattform verbréngen. 

Online Plattforme sinn duerch en neit EU Gesetz zu digitalen Déngschter dozou verflicht, Mannerjäreger ze schützen. Déi dierfen zum Beispill net gezilt mat Publicitéit ugeschwat ginn, wann dës vu perséinlechen Donnéeë kënnt. 

D'EU Kommissioun zweifelt elo drun, datt Meta sech un dës Reegelungen hält. 

Et gouf schonn Enn Abrëll e Verfare géint Meta, bei deem et ëm den Ëmgang mat politescher Publicitéit gaangen ass.