An de Supermarchéë bleift vill iwwereg, wat net méi ze verkafen ass, mee nach ka verschaaft ginn. “Mir hu laang no engem Partner gesicht, deen déi Wuer kéint huelen.”, erzielt de Jean Rodesch, President vun der Banque alimentaire. Fir frësch Produite bräicht een ee stabille Partner. An dee gouf elo an der “Stëmm vun der Strooss” fonnt. Déi hunn an hire Restauranten eng Capacitéit vu bis zu 2.000 Iessen den Dag, an do kënnt déi frësch an déi gefruere Wuer grad zu pass.
Vill Aarbecht
“Mier ginn d’Saachen an d’Supermarchéë sichen a bréngen se bei d’Stëmm. Do ginn et Frigoen an Tiefkühlzellen.”, erzielt de Jean Rodesch. D’Stëmm verschafft alles direkt fir hier Restauranten.
D’Zuel vun de Bedierftegen hätt zougeholl. “Am dréche Beräich hu mir aktuell iwwer 1.000 Leit d’Woch, déi gehollef kréien." D’Stëmm wier bei bis zu 1.100 den Dag. Am Ufank waren et der hei 500.
Et ass ganz vill Aarbecht do, seet de Jean Rodesch. D’Wuer, déi si kréien, gëtt triéiert. De Jean Rodesch nennt, do d’Beispill vun enger Muert, déi net méi gutt ass, an aus enger Tut muss erausgeholl ginn, esou datt déi aner verschafft kënne ginn. Et wier awer schwéier, Leit ze fannen, déi genuch Zäit hunn. D’Banque alimentaire wëll elo mat enger App schaffen, iwwer déi ee sech fir Mathëllef ka mellen an déi d’Gerance vun de Benevolle méi einfach soll maachen.