Bei wéi vill vun hinne geschlechts-upassend chirurgesch Agrëff gemaach ginn, ass net gewosst. De Ministère huet déi Donnéeën net.
Déi betraffe Fäll géife vun der Kannerklinik u spezialiséiert Kompetenz-Zenter am Ausland verwise ginn, esou wéi d‘international Recommandatiounen et virgesinn. Et gëtt och een interministeriellen Aarbechtsgrupp, deen Ufank d‘lescht Joer gegrënnt gouf, fir d‘Ausschaffe vun engem legale Kader fir déi betraffe Kanner op d‘Been ze stellen.