Zënter 2010 war déi ganz Pride Week ëmmer zu Esch-Uelzecht.
An Zukunft wäerte sech Esch an d’Stad Lëtzebuerg als Standuert Joer fir Joer ofwiesselen. Datt d'Stad Esch domat net méi déi eenzeg Reebou-Stad bleift, hat d'lescht Joer scho fir Diskussioune gesuergt.
Stad Lëtzebuerg weist scho länger Interessi
De Maurice Bauer, CSV-Schäffen an der Stad Lëtzebuerg a Responsabel fir Chancëgläichheet erkläert, datt ee scho méi laang drun intresséiert gewiescht wier, deen Event erëm an d’Stad ze kréien - awer am Respekt vun alle Bedeelegten.
"Vun Ufank un, wéi mir mat Rosa Lëtzebuerg a Kontakt waren, gouf ëmmer gesot, datt wann eng Kéier d'Stad Esch net méi wéilt, mir als Stad Lëtzebuerg interesséiert wieren, fir d'Pride erëm eng Kéier an d'Stad ze kréien. Rosa Lëtzebuerg huet sech mengen ech du mat der Stad Esch och zesummegesat, fir dat doten duerchzediskutéieren."
Pride an der Stad: Och e Bestriewe vun der Communautéit
De Laurent Boquet, Tresorier vu Rosa Lëtzebuerg, seet, d’Demande fir d’Pride och erëm an der Stad ze organiséieren, wier aus der LGBTQIA+-Communautéit komm. Rosa Lëtzebuerg hätt sech dunn als Vertriederorganisatioun mat der Stad Esch an der Stad Lëtzebuerg ofgeschwat fir eng Léisung ze fannen.
De Weekend vum 10. an 11. Juli gëtt da mat Concerten an engem Cortège gefeiert. De geneeë Wee vum Cortège an aner Detailer wäerten an den nächste Woche public gemaach ginn.
Text vum Luca Di Santolo