Radioen

On air

Notturno  |  Aoife Nessa Frances - Way To Say Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ President vu Fox Corporation zitt sech zeréck

Medien an den USA

President vu Fox Corporation zitt sech zeréck

De Medie-Mogul Rupert Murdoch zitt sech zeréck. Den 92 Joer ale President vu Fox Corporation an News Corp, d‘Televisiounschaînë vun den amerikanesche Konservativen, huet annoncéiert, datt hien an d‘Pensioun geet.

auto_stories

1 min

Rupert Murdoch | © picture alliance / Geisler-Fotopress
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress

Säi Jong Lachlan soll iwwerhuelen.

Offiziell gëtt de Wiessel un der Spëtzt vu Fox News an News Corp Mëtt November. De Rupert Murdoch gëtt dann Éiere-President vun deenen zwou Medie-Gruppen.