“Mir konnten et eis net huele loossen a proposéieren alternativ Proposen ze maachen”, heescht et wuertwiertlech am Post.
Kritik op Facebook
Kritik doru kënnt ënner anerem vum LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, dee sech freet, ob dat d'Bild ass wat Lëtzebuerg wéilt vu sech an d’Welt droen. De Fred Keup vun der ADR schreift “Mir sinn net den 1. Abrëll” a schwätzt vu Militarismus. De Claude Haagen, och vun der LSAP, schreift, hie géif hoffen, datt et sech heibäi ëm ee Fake-Account géif handelen.
Kee Fake-Account
De Pressespriecher vun der Direction de la défense huet op Nofro hi confirméiert, datt et sech bei dësem Post net ëm ee Fake handelt. Weider Detailer wollt hien awer net nennen.
De Ministère huet e puer Stonnen no der Publikatioun vun dësem Artikel op d'Kritike reagéiert a sech fir de Post, deen d'Direktioun vun der Defense net mam Ministère ofgeschwat hätt, entschëllegt.