Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Populisteschen an hetzereschen Discours": LSAP mat schaarfer Kritik un der Regierung

Analys zur Regierungsaarbecht

"Populisteschen an hetzereschen Discours": LSAP mat schaarfer Kritik un der Regierung

“D’Maske si gefall”. Dat sot d’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding virun der Press. D’Oppositiounspartei huet haut hir Analys zu der Regierungsaarbecht presentéiert an net mat Kritik gespuert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Eigentlech hätt een der neier Regierung wéilte méi Zäit ginn an eng Chance sech an d‘Dossieren eranzeschaffen, no “villen Entgleisungen”, wier ee gezwongen, sech méi fréi wéi geplangt zu Wuert ze mellen, esou d‘Oppositiounsdeputéiert, Taina Bofferding, déi nach emol un déi rezent Aussoe vun der DP-Deputéiert a Stater Schäffe Simone Beissel a vum CSV Deputé-Maire Marc Lies erënnert huet.

"Déi nei Regierung entpuppt sech ëmmer méi als eng reaktionär, autoritär Regierung mat engem populisteschen, hetzereschen Discours. An dat kënne mir an dat wëlle mir och net toleréieren."

De Punkt wier nämlech net nëmmen, datt d'Regierung sech net vun hirer beschter Säit géing weisen, mee esou e Verhalen an esou eng Rhetorik wieren "net innocent".

De Populismus riskéiert "salonsfäeg" ze ginn

Déi fréier Inneministesch warnt, datt Schwaarz-Blo et riskéieren géing, de Populismus hei am Land nach méi salonsfäeg ze maachen, grad elo en Vue vun den Europawalen.

"Wa mir nämlech och am Verglach mat aneren europäesche Länner kucken, ware mir eigentlech hei am Land vu sengem Discours méi oder wéineger verschount, notamment wat déi politesch Bün betrëfft, Mee mir gesinn awer, datt Haass a Rassismus elo oppen ëffentlech ënnerstëtzt ginn a mir gesinn, datt, an dat ass och e ganz weesentleche Punkt, datt eis Gesellschaft méi gespléckt gëtt."

Net nëmmen de Stil an d’Rhetorik vun der neier Regierung hätte geännert, d‘Problemer géingen net richteg ugepak ginn, esou nach d’Kritik de Moie vun der LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding. 

Lauschterenplay_arrow