Radioen

On air

Tockcity  |  Miki - Two Years

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gesondheetszoustand vum Poopst weider kritesch, mee stabil

Vatikan

Gesondheetszoustand vum Poopst weider kritesch, mee stabil

De Poopst François huet am Spidol seng Nummer zwee, de Kardinol Pietro Parolin, empfaangen. Béid Geeschtlecher hätten ënnert anerem iwwer geplangt Séilegspriechunge geschwat, heescht et vum Vatikan. 

auto_stories

1 min

Poopst Franziskus | © picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA
Poopst Franziskus (Foto: picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA)

Den Italiener Pietro Parolin ass Kardinol-Staatssekretär a gëtt och als dem Poopst säi Successeur gehandelt. Hie war schonn e Méindeg beim 88 Järegen op Besuch. De Poopst ass zanter annerhallwer Woch am Spidol zu Roum – sou laang wéi nach ni. Säin Zoustand wier trotz enger liichter Stabiliséierung weiderhi kritesch, esou de Vatikan. Bei eng duebel Longenentzündung ass virun e puer Deeg och eng liicht Nieren-Insuffizienz dobäikomm. 

De Gesondheetszoustand vum Poppst François bleift kritesch, mee stabil. Dat huet de Vatikan den Dënschdeg den Owend matgedeelt. Eng Verbesserung vum Zoustand vum 88 Joer ale Chef vun der kathoulescher Kierch wier net a Siicht. De Poopst ass schonn 12 Deeg am Spidol.