search

/ Poopst Leo um afrikanesche Kontinent: Haut Treffe mam kamerunesesche President

International

|
reading time

1 min

Poopst Leo um afrikanesche Kontinent: Haut Treffe mam kamerunesesche President

Haut reest de Poopst an de Kamerun, wou en Treffe mam President Paul Biya geplangt ass. Iwwer d'Hallschent vun de Ronn 30 Milliounen Awunner:innen am Kamerun bekenne sech zum Chrëschtentum.

reading time

1 min

© EPA/LUCA ZENNARO
(Foto: EPA/LUCA ZENNARO)

De Chef vun der kathoulescher Kierch hofft hei op ee Friddensdialog: am Kamerun herrscht zënter bal zéng Joer ee Konflikt tëschent der franséischsproocheg dominéierter Regierung a Separatisten an den engleschsproochege Regiounen. Iwwerdeems gëtt et am muslimesch gepräägten Norde vum Land ëmmer nees Attacke vun islamisteschen Terrorgruppen.