De Poopst huet en Appell un déi grouss Natioune gemaach, sech bei der COP28 fir eng contraignant a kontrolléiert Energie-Transitioun anzesetzen. D‘Situatioun géif ëmmer méi urgent ginn. Et wier een Ëmdenke virun allem an der Politik néideg, esou de Chef vun der kathoulescher Kierch.
Bei der Bëschofssynod, déi vum Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich koordinéiert gëtt a bis Enn Oktober dauert, steet awer déi zukünfteg Ausriichtung vun der kathoulescher Kierch am Mëttelpunkt. Ënnert den Theeme sollen och d‘Positioun vun de Fraen an den Ëmgang mat Homosexuelle sinn.