Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Julien Baker, TORRES - No Desert Flower

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Poopst François: "D'Welt geet ënner"

Bëschofssynod am Vatikan

Poopst François: "D'Welt geet ënner"

"D‘Welt geet ënner." Mat deene Wieder huet de Poopst François d‘Bëschofssynod am Vatikan opgemaach. D‘Efforten am Kampf géint de Klimawandel géifen net duergoen.

auto_stories

1 min

Poopst Francois | © picture alliance / Photosho
Poopst Francois (Foto: picture alliance / Photosho)

De Poopst huet en Appell un déi grouss Natioune gemaach, sech bei der COP28 fir eng contraignant a kontrolléiert Energie-Transitioun anzesetzen. D‘Situatioun géif ëmmer méi urgent ginn. Et wier een Ëmdenke virun allem an der Politik néideg, esou de Chef vun der kathoulescher Kierch.

Bei der Bëschofssynod, déi vum Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich koordinéiert gëtt a bis Enn Oktober dauert, steet awer déi zukünfteg Ausriichtung vun der kathoulescher Kierch am Mëttelpunkt. Ënnert den Theeme sollen och d‘Positioun vun de Fraen an den Ëmgang mat Homosexuelle sinn.