Radioen

On air

Notturno  |  Wiki & Subjxct 5 - One More Chance Feat. Navy Blue

play_arrow Live
search

/ Polnesche President blockéiert Gesetz fir méi einfachen Zougang zur „Pëll duerno“

Polen

Polnesche President blockéiert Gesetz fir méi einfachen Zougang zur „Pëll duerno“

De konservative polnesche President Andrzej Duda huet e Veto géint e Gesetz gemaach, dat den Zougang zur sougenannter „Pëll duerno“ soll erliichteren. Hien huet op de Gesondheetsschutz vu Kanner verwisen.

auto_stories

1 min

D‘Gesetz gesäit fir, datt Fraen a Meedercher vu 15 Joer un, déi Pell ouni Ordonnance kënne kréien. Den Text ass och scho vun den zwou Kummere vum Parlament, mat de Majoritéitsstëmme vun der proeuropäescher Regierungsmajoritéit ugeholl ginn.

D‘Regierung vum Premier Donald Tusk wëllt d‘Gesetz elo ouni den Accord vum President duerchsetzen.