Den neie President kéint säi Veetorecht benotze fir zentral Reforme vum Donald Tusk senger pro-europäescher Dräierkoalitioun ze blockéieren.
An enger Usproch op der polnescher Televisioun sot den Donald Tusk et wier elo néideg, Eenheet a Courage ze weisen. D'Vertrauensfro soll een éischten Test sinn. Wéini de Vott am Parlament soll sinn, huet de Premier net preziséiert.