Radioen

On air

Owesconcert  |  Vies d'artistes: Rachmaninoff & Berlioz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politbarometer: LSAP-Kandidaten am beléiftsten, d'CSV genéisst dat meescht Vertrauen

Europawalen

Politbarometer: LSAP-Kandidaten am beléiftsten, d'CSV genéisst dat meescht Vertrauen

D‘LSAP stellt déi beléiftste Kandidate fir d‘Europawalen, mee d‘CSV genéisst dat gréisst Vertrauen. Dat geet aus engem Politmonitor-Sondage ervir, deen d‘Ilres fir RTL an d‘Wort gemaach huet. D‘Leit goufen do ëm hir Meenung iwwer 16 Kandidate vun 8 politesche Parteie gefrot.

auto_stories

1 min

Politbarometer Europawalen 2024 | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Bei der Sympathie, Kompetenz a Bekanntheet sinn dräi LSAP-Kandidaten an den Top 5: De Mars di Bartolomeo op der éischter Plaz, d‘Liz Braz op der drëtter, an de Marc Angel op der véierter Plaz. Zweeten an dësem Klassement gëtt de Charles Goerens vun der DP.

Beim Vertraue schneit d‘CSV am Beschten of. Ee Véierel vun de Leit, déi gefrot goufen, traut der CSV zou, d‘Problemer an Europa am Beschten ze léisen. Duerno kënnt d‘DP, mat 17 Prozent, virun der LSAP, mat 16 Prozent, Vertrauen. Dann déi gréng mat 9 Prozent, d‘ADR mat 5, an d‘Pirate mat 2 Prozent. Jeeweils 1 Prozent Vertraue kréien déi Lénk, Fokus an d‘Beweegung "Zesummen – D'Bréck".

An dësem Sondage waren 1.050 Leit tëscht dem 14. a 24. Abrëll gefrot ginn.