Bei der Sympathie, Kompetenz a Bekanntheet sinn dräi LSAP-Kandidaten an den Top 5: De Mars di Bartolomeo op der éischter Plaz, d‘Liz Braz op der drëtter, an de Marc Angel op der véierter Plaz. Zweeten an dësem Klassement gëtt de Charles Goerens vun der DP.
Beim Vertraue schneit d‘CSV am Beschten of. Ee Véierel vun de Leit, déi gefrot goufen, traut der CSV zou, d‘Problemer an Europa am Beschten ze léisen. Duerno kënnt d‘DP, mat 17 Prozent, virun der LSAP, mat 16 Prozent, Vertrauen. Dann déi gréng mat 9 Prozent, d‘ADR mat 5, an d‘Pirate mat 2 Prozent. Jeeweils 1 Prozent Vertraue kréien déi Lénk, Fokus an d‘Beweegung "Zesummen – D'Bréck".
An dësem Sondage waren 1.050 Leit tëscht dem 14. a 24. Abrëll gefrot ginn.