Radioen

On air

Notturno  |  Midlake & John Grant - You Don't Get To

play_arrow Live
search

/ Policeasaz am Atert-Lycée zu Réiden ass eriwwer

Police deelt mat

Policeasaz am Atert-Lycée zu Réiden ass eriwwer

De Moie gouf et e Policeasaz am Atertlycée zu Réiden. Wéi d‘Police matdeelt, wier si géint 8:20 Auer dohigeruff ginn, well eng verdächteg Persoun gemellt gouf. D‘Police wier mat e puer Sträifen an Unitéiten op d‘Plaz gefuer an hätt déi néideg Kontrolle gemaach.

auto_stories

1 min

Géint 10:50 Auer wieren d‘Kontrollen ofgeschloss gewiescht, de Policeasaz ass an Zwëschenzäit eriwwer. Et konnt näischt Verdächteges festgestallt ginn. Et hätt zu kengem Moment Gefor fir d‘Schüler:innen an d‘Enseignanten bestanen, sou d‘Police. 

Eisen Informatiounen no, waren am Réidener Lycée de Moien och déi intern Prozeduren fir Amokalarm declenchéiert ginn. D‘Schüler:innen hu mam Léierpersonal missten an hire Klassesäll bleiwen. D‘Police hätt systematesch d‘Säll duerchsicht. Et wier alles ganz disziplinéiert ofgelaf. Panik wier et keng ginn. Et wieren och vill Elteren dohikomm.