Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Foster The People - See You In The Afterlife

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Police ka „Squatter“ net zwéngen Haiser ze verloossen

Besetze vun Haiser

Police ka „Squatter“ net zwéngen Haiser ze verloossen

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Gesetzesgrondlag, fir géint sougenannte Squatter virzegoen. Dat äntwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéiert Paulette Lenert.

auto_stories

1 min

Déi wollt nämlech wëssen, firwat d‘Police a ville Fäll net direkt intervenéiert ass, nodeems si driwwer informéiert gouf, datt an der gemeng Jonglënster an der Méint Februar a Mäerz sech Leit a méi Haiser breet gemaach hunn.

D‘Police géif an der Reegel op eng generell Manéier op Uriff am Kader vun Haiserbesetzunge reagéieren, sou de Léon Gloden. Et wier méiglech, datt Kontrolle vu besaten Haiser Retard hunn, wann eng aner Urgence prioriséiert muss ginn. Et géif een awer ëmmer schnellstméiglech reagéieren.

Am Fall vun enger Interventioun kéint d‘Police d‘Hausbesëtzer dozou opfuerderen, d‘Raimlechkeeten ze verloossen, mee d‘Police kéint keng Zwangsmethoden uwenden, wann d‘Hausbesëtzer sech weigeren, ze goen.