Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Police huet op der Gare presuméierten Drogendealer festgeholl

Police mellt

Police huet op der Gare presuméierten Drogendealer festgeholl

Gëschter Owend huet d‘Police op der Gare e presuméierten Drogendealer festgeholl. Poliziste waren op e Grupp vu verdächteg Persounen opmierksam ginn.

auto_stories

1 min

Eng Persoun ass, wéi se d‘Police gesinn huet, fortgelaf an huet Saachen ofgeschléckt, wéi d‘Police schreift. D'Persoun konnt awer kuerz drop gestallt ginn. Bei enger Scanner-Ënnersichung goufe Friemkierper am Kierper vum Verdächtege festgestallt, op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a kënnt de Moie virun den Untersuchungsriichter.