Radioen

On air

Concert  |  50 years on - Friends of the Organ in Luxembourg

play_arrow Live
search

/ Police an Arméisgewerkschaft net géint Schafe vum obligatoresche Militärdéngscht

SPFP

Police an Arméisgewerkschaft net géint Schafe vum obligatoresche Militärdéngscht

Den SPFP ass net géint den obligatoresche Militärdéngscht, fuerdert an deem Fall awer e kloert Konzept. Dat war de Message vum Syndikat, deen d'Beamte vun der Police an der Arméi vertrëtt, en Donneschdeg op hirem Conseil des délégués. Et dierf keng Etapp iwwerspronge ginn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Armée luxembourgeoise | © Armée luxembourgeoise play_arrow
Foto: Armée luxembourgeoise

Mëtt September hat d'Verdeedegungsministerin Yuriko Backes an engem Interview betount, datt een eng Debatt misst féieren iwwer een obligatoresche Militärdéngscht. Fir den Ament wier dat net op der Dagesuerdnung, hat si awer nach preziséiert.

Et sollen an deem Fall awer keng Etappen iwwerspronge ginn, betount de President vun der SPFP, de Christian Schleck.

D'Iddi vun enger Reservearméi hat de SPAL, de professionelle Syndikat vun der Lëtzebuerger Arméi wärend de Koalitiounsverhandlunge lancéiert. Wann dat séier misst geschéien da misst een an enger éischter Phas u Militär denken, déi hiren Déngscht ofgeschloss hunn.

Vill Froen, déi sech stellen

Wann ee méi wäit wëllt goen an een obligatoresche Militärdéngscht wéilt aféieren, da misst ee sech eng Rei Froe stellen, betount de Christian Schleck.

"D'Uschafe vu Material, Instrukteren, ausräichend Zuel u Leit, déi mussen disponibel sinn. Wat geschitt mat de Residenten, muss een Accorde fanne mat de respektive Länner, déi dat betrëfft."

Manktem u Sozialdialog mat der Regierung

De Syndikat vun der Force publique hätt ee Manktem u Sozialdialog mat der neier Regierung festgestallt. An der Vergaangenheet wier Prozedur vun der Conciliatioun wuel e puermol agesat ginn. Elo op eemol net méi, kritiséiert de Christian Schleck, President vun der SPFP:

"Datt eis elo awer refuséiert gëtt, datt een eng Saisie ka maachen, vun der Commission de conciliation, wann ee sech a verschiddene Sujeten net eens gëtt mat sengem Minister oder mat senger Ministerin oder souguer senger Verwaltung, datt een dann net deen Outil kann notzen, dat ass fir eis inakzeptabel."

Déi gewerkschaftlech Fräiheete gesäit d’SPFP a Fro gestallt.

Syndikaliséiert Beamten ënner Drock

No engem Fall vu Versetzung vun engem Gewerkschaftler bei der Arméi, wier elo an engem anere Fall bei der Police dës Kéier och ee Comitésmember vum Policesyndikat ënner Drock geroden. D'Marlène Negrini, Vizepresidentin SPFP, bedauert, datt ëmmer nees Beamten, déi sech syndikaliséiere wëllen, op der Aarbecht ënner Drock geroden a vun hire gewerkschaftlechen Aarbechten ofgehale ginn.

Der Marlène Negrini no hätt den Inneministère och Reklamatiounen zougedroe kritt iwwer d’Verhale vu verschidden Enquêteure vun der Policeinspektioun, der IGP. Een Audit géif den Ament iwwer d'IGP realiséiert ginn. D'Resultater gi fir ufanks nächst Joer erwaart.

  Lauschterenplay_arrow