Nom Groussbrand am Benu Village zu Esch an der Nuecht op haut sinn d’Pompjeeën nach ëmmer op der Plaz. Um 11 Auer owes an der Nuecht huet een Deel vum Öko-Duerf ugefaange mat brennen.
An der Mëtt vun der Nuecht war de Brand dann ënner Kontroll seet den Escher Buergermeeschter Christian Weis, deen ëm Mëtternuecht informéiert gouf an op der Plaz war. Och wann d’ Feier aus ass, ass den Asaz vun de Pompjeeën nach net eriwwer, esou de Christian Weis:
"Et war ee grousst Feier. Ech mengen, datt dat relativ schnell ënner Kontroll war, mee einfach déi Matière, do huet missen opgepasst ginn, datt et net rëm ugeet. Dat war dann ee Grond wisou mir sou laang do waren a respektiv dann um fënnef Auer Moies sinn d’Stroossen komplett ëmgeluecht ginn. Dat hëlt dann och seng Zäit."
D’Police sicht elo no Zeien. Wann een eppes Verdächteges gesinn huet, soll een sech beim Escher Kommissariat mellen.
Op et sech ëm eventuell Brandstëftung handelt kann d'Police nach net soen. D'Enquête géing elo lafen.