Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Ol' 55

play_arrow Live
search

/ Polen wëllt d‘Recht op Asyl bis op Weideres suspendéieren

Migratiounspolitik

Polen wëllt d‘Recht op Asyl bis op Weideres suspendéieren

Déi polnesch Regierung wëll haut iwwert en ëmstriddene Plang beroden, fir d‘Recht op Asyl temporär ze suspendéieren. De Regierungsrot soll eng deementspriechend Strategie virstellen, fir déi irregulär Migratioun ze steieren. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Aleksander Kalka
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Aleksander Kalka)

De polnesche Premier Donald Tusk hat op engem Kongress vu senger liberalkonservativer Regierungskoalitioun ugekënnegt, datt Polen d‘Recht op Asyl op d‘mannst bis op Weideres wéilt suspendéieren. D‘EU Kommissioun huet dat kritiséiert.

Eng Spriecherin zu Bréissel huet betount, et géif gemeinsam EU Reegele ginn an d‘EU Member-Staaten hätten eng Flicht, Mënschen, déi internationale Schutz ufroen, eng Asylprozedur ze garantéieren.