Radioen

On air

Tockcity  |  Pan Amsterdam - Confines Feat. Leron Thomas

play_arrow Live
search

/ Polen: President Duda spillt op Zäit

Morawiecki soll Regierung bilden

Polen: President Duda spillt op Zäit

Trotz der Victoire vun der Oppositiounsallianz huet de polnesche President Andrzej Duda de fréiere Premier Mateusz Morawiecki chargéiert, eng nei Regierungsequipe op d‘Been ze stellen.

auto_stories

1 min

Hie wier fest dervun iwwerzeegt, datt dem Morawiecki dat géif geléngen. Bei de Walen de 15. Oktober hat d‘PIS-Partei déi absolut Majoritéit verluer a steet ouni Koalitiounspartner do, dräi pro-europäesch Oppositiounsparteie kéinten déi stäerkste Koalitioun forméieren.

De President Duda gehéiert selwer zur PIS-Partei. Him gëtt virgeworf, op Zäit ze spillen.