Hie wier fest dervun iwwerzeegt, datt dem Morawiecki dat géif geléngen. Bei de Walen de 15. Oktober hat d‘PIS-Partei déi absolut Majoritéit verluer a steet ouni Koalitiounspartner do, dräi pro-europäesch Oppositiounsparteie kéinten déi stäerkste Koalitioun forméieren.
De President Duda gehéiert selwer zur PIS-Partei. Him gëtt virgeworf, op Zäit ze spillen.