D‘Decisioun ass ëmstridden, well d‘Dräier-Oppositiounsallianz d‘Wale gewonnen huet. D‘PIS gouf zwar stäerkste Kraaft, si huet awer déi absolut Majoritéit verluer a fënnt och kee Koalitiounspartner. Et ass dofir wéineg probabel, datt de Morawiecki Premierminister wäert bleiwen.