Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Capricorn

play_arrow Live
search

/ Plangännerung un der Rees vun US-Delegatioun a Grönland

Vizepresident kënnt awer mat

Plangännerung un der Rees vun US-Delegatioun a Grönland

Den amerikanesche Vize-President J.D.Vance begleet seng Fra Usha elo awer fir eng ëmstridde Visitt e Freideg op Grönland. D'Vize-Presidente-Koppel soll eng Weltall-Basis besichen an US Zaldote begéinen, déi do stationéiert sinn, esou d‘Wäisst Haus. 

auto_stories

1 min

JD Vance | © picture alliance/dpa | Peter Kneffel
JD Vance (Foto: picture alliance/dpa | Peter Kneffel)

Den däneschen Ausseminsiter begréisst d‘Ännerungen un der Rees. D'Usha Vance wäert och net, wéi ugekënnegt, bei enger Schlittenhondcourse matmaachen. 

D'Rees vun der US-Delegatioun gouf en Dënschdeg vu Säite vu Grönland an Dänemark staark protestéiert. D'Autoritéiten op Grönland soen, si wéilte kee Member vun der amerikanescher Delegatioun begéinen.

D‘Visitt kënnt zum Zäitpunkt wou den amerikanesche President Donald Trump dermat gedreet huet fir Grönland ze iwwerhuelen.