Den däneschen Ausseminsiter begréisst d‘Ännerungen un der Rees. D'Usha Vance wäert och net, wéi ugekënnegt, bei enger Schlittenhondcourse matmaachen.
D'Rees vun der US-Delegatioun gouf en Dënschdeg vu Säite vu Grönland an Dänemark staark protestéiert. D'Autoritéiten op Grönland soen, si wéilte kee Member vun der amerikanescher Delegatioun begéinen.
D‘Visitt kënnt zum Zäitpunkt wou den amerikanesche President Donald Trump dermat gedreet huet fir Grönland ze iwwerhuelen.