Russland misst dëse Krich verléieren an dofir misst d‘Ukrain endlech Laangstrecke-Rakéite vum Weste kréien, sou nach d‘Fuerderung vum Wolodymyr Selenskyj. Un d‘NATO war et den Appell, an der Ukrain endlech ze invitéieren, nëmme sou kéint de Krich gewonne ginn.
Den ukrainesche President Selenskyj soll och muer um Donneschdeg beim EU-Sommet zu Bréissel dobäi sinn, a soll och do säi Plang fir eng Victoire virstellen.