Radioen

On air

Grousse Kino  |  Doja Cat feat. SZA - Kiss Me More

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pierre Schoonbroodt : An d’Nohaltegkeet investéieren ass d’Zukunft, och ouni d’USA

Zoustand vun de Bourssen

Pierre Schoonbroodt : An d’Nohaltegkeet investéieren ass d’Zukunft, och ouni d’USA

D’Wirtschaftspolitik an den USA ënner dem Donald Trump suergt weltwäit fir Chaos op de Bourssen. Wéi sinn d'Effekter hei zu Lëtzebuerg ze spieren? Wou wäert an Zukunft investéiert ginn? Am 100,7-Interview schwätzt de Pierre Schoonbroodt, Member vum Direktiounscomité bei der Lëtzebuerger Bourse, iwwer de Fonctionnement vun der Bourse an och déi momentan Lag.

auto_stories

3 min

© picture alliance/dpa | Arne Dedert
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

D’Bourse sollt een als eng Plaz verstoen, wou Entrepreneren no Investissementer sichen, fir hir Projeten ze finanzéieren an ëmzesetzen, an Investisseuren no interessanten Occasioune kucken, fir dran ze investéieren, erkläert de Pierre Schoonbroodt. Deemno spillt d’Bourse och eng wichteg Roll bei der Finanzéierung vun eiser Ekonomie.

Beim Handel op de Bourse soll awer och eng Liquiditéit vun de Pabeiere favoriséiert an oprechterhale ginn. Déi erlaabt et Investisseuren, hir Pabeieren zu all Moment un aner interesséiert Investisseuren ze verkafen. Bei Onsécherheeten um Marché bréngt dat awer och eng Rei Problemer mat sech, seet de Member vum Direktiounscomité.

“L'incertitude qui existe aujourd'hui au niveau des marchés fait que certains investisseurs qui souhaitent vendre leurs titres ne trouvent parfois pas acheteurs, ce qui a entraîné en fait une chute des cours boursiers, comme on a pu observer les dernières semaines.”

D’Taxpolitik vun den USA mécht den Investisseuren Angscht

Am Fall wou d’Entreprisë gutt Nouvelle bréngen, kann dat d’Investisseuren dozou motivéieren, hiert Geld op de Bourssen ze investéieren. Beispillsweis an dee selwechte Secteur, an där d’Entreprise täteg ass.

Am Fall wou et awer zu schlechten Noriichte vu Säite vun de Societéite kënnt, kann dat d’Investisseure panikéieren doen, erkläert de Pierre Schoonbrodt. Da probéiere si, hir Pabeieren esou séier wéi méiglech ze verkafen. Mee an esou Zäiten wëllen nëmme wéineg Leit déi Pabeiere kafen. D’Resultat ass, datt de jeeweilegen Aktiecours fält.

Wann elo aner Faktore matspillen, wéi makroekonomesch oder geopolitesch Faktoren, kreéiert dat Onsécherheeten um Marché, déi d’Aktiecoursë weider fale loossen. Nom Pierre Schoonbroodt huet d’Taxepolitik vun den USA an de leschte Wochen d’Fluktuatiounspotential vun den Aktiecoursë gutt demonstréiert.

Gudden Investissement ass kee Sprint, mee e Marathon

De Pierre Schoonbroodt ass awer der Meenung, datt een de Marché op laang Zäit muss kucken. An de leschte Joren haten d’Bourssen hiren Investisseure gutt gedéngt. Sou wier ee senger Opfaassung no u gutt Aktiecoursë gewinnt gewiescht, an déi momentan Situatioun ass e gudde Rappel un d’Fluktuatiounspotential op de Bourssen. Et misst een op laang Dauer kucken, wann een investéiere wëll.

“Quand on est investisseur, je pense qu'on doit définir son horizon d'investissement et on doit uniquement investir en bourse, en actions, si on peut se permettre de maintenir son investissement pendant plusieurs années.”

Et wier och ëmmer rotsam, sech mat senge Finanzberoder zesummenzesetzen, fir sech iwwer déi eege Lag ze informéieren an déi eegen Ziler rauszeschaffen.

D’Zukunft gesäit gréng aus

Déi lëtzebuergesch Bourse huet sech a leschte Joren och ëmmer méi am Beräich vun der Nohaltegkeet eng Reputatioun gemaach. Et soll ëmmer méi an nohalteg Technologien an Iddien investéiert ginn. De Pierre Schoonbrodt gesäit doranner d’Zukunft, och wann déi US-amerikanesch Politik do momentan net matzitt.

“Vous savez, la transition vers une économie plus verte, plus respectueuse de l'environnement, elle est inévitable. Notre société, nos économies doivent pouvoir se réinventer pour assurer un avenir aux générations futures. Et tout ça va nécessiter des financements."

 Am Moment kënnt et och zu enger Oprüstung an Europa, an och do wäert et dem Pierre Schoonbroodt no zukünfteg weider grouss Investissementer europawäit ginn.

Text: Kim Winkel