Et ass ee Kënschtler, deem seng Evolutioun ee gäre verfollegt, ënner anerem wéinst sengem extrem couragéisen an och gefillsbetounten Debut. Kee virdrun hat Erfarungen, déi dann dach engem relative Prozentsaz vun der Bevëlkerung bekannt a selbstverständlech sinn, esou direkt an ongefiltert zum Ausdrock bruecht. Mee, all déi Sujeten, déi aus sengen éischten Traumata a seng Konscht gefloss sinn, sinn him och Jore méi spéit nach wichteg, an entwéckele sech weider.
Donieft ass de Mike Hadreas een extrem talentéierten a subtille Sänger, an och seng Musek entwéckelt sech vu Plack zu Plack weider. Se gëtt méi treffsëcher a méi räif.
Geescht a Kierper
Ee wichtege Sujet fir de Mike Hadreas ass de Kierper, seng Liewensfreed, seng Sexualitéit, an och seng Fragilitéit. Op senge leschte Placken huet de Museker de Kierper dacks als Quell vu schwierege Gefiller beschreiwen, vun deenen ee sech am Danz, an der Musek an an der Léift befreie kann.
D’Emanzipatioun duerch dat Kierperlecht, déi bis elo eng grouss Roll a senge Lidder gespillt huet, weecht op dëser Pack engem méi konservativen an empfindleche Bild. Mat mëttlerweil 43 Joer ass de Kierper fir den Hadreas net méi just een Ausdrocksmëttel: Et ass och eppes, wat et méi wéi jee ze schütze gëllt. Eppes Wäertvolles a Versuergenswäertes.
Wäertvoll a versuergenswäert ass och d’Léift selwer, déi jo alles Aneres eréischt richteg derwäert mécht. Duerch déi ganz Plack léisst sech d’Angscht eraushéieren, d’Persounen aus dem noen Ëmkrees eventuell verléieren ze kënnen. Besonnesch no der Covid-Pandemie an neie Kricher an der Welt.
Eppes ze verléieren ...
Et ass effektiv ee vergläichbar rouegen Album, mee dat bedeit net, datt net och vill Energie drastécht. Op dat éischt Lauschtere fält op, datt de Perfume Genius zeréck bei déi elektresch Gittare fonnt huet. Besonnesch op deenen zwee éischten Titelen héiert een eng zolidd Portioun Indie-Rock erëm, déi bei ëmmer méi dramatescher Elektronik a leschter Zäit gefeelt hat. Gespillt gëtt d’Gittar dobäi net vum Produzent Blake Mills, dee scho mat deene Gréissten op der Bün stoung, mee dës Kéier vum Meg Duffy. An am Allgemenge kléngt déi nei Plack e bësse méi no Bandmusek: Zolidd an instrumental originell.
Vun der stëmmlecher Interpretatioun bis op déi vu sengem Partner, dem Pianist Alan Wyffels bäigesteierte Synthie-Sounds, héiert een eng gespaanten Energie, déi kee Saz onbemierkt laanschtlafe léisst.
D’Songstrukturen, obwuel einfach a poppeg gehalen, gi vun dëser Detailverléiftheet a Schach gehalen, esou datt ee se kaum matkritt. An dat soll jo och esou sinn. Do, wou déi lescht Plack aus enger Theatermusek hiergeleed war, elektronesch a barock, ass dat heiten een Album, op deem seng Songs zesummen eppes erzielen, an deen extrem kohärent kléngt.
Maturitéit
Vun enger ganz, ganz perséinlecher Plaz zu Ufank, fënnt dem Mike Hadreas seng Musek op Glory eng ëmmer méi grouss Universalitéit. Déi Schicksalsschléi, déi seng Musekskarriär lassgetrëppelt hunn, sinn an den Hannergrond getrueden.
An de Vierdergrond trëtt déi méi wichteg Erkenntnis, datt hien net deen Eenzegen ass, deen esou Schicksalsschléi huet missen astiechen. Weder sexuell Orientatioun, nach Alter, nach sozial Facteure fierwen dem Hadreas seng Observatiounen aus der Liewensmëtt, déi jidderengem seng Ängschten a Freeden an dësen dann dach éischter komplizéierten Zäiten erëmspigelen.
Eraus kënnt eng Plack, déi ee gäre ka vun Ufank bis Enn lauschteren, an déi Famill, Koppel, Gesellschaft a Léift a klengen Detailer beschreift, déi fir jiddweree selwecht sinn, an dach ni esou bewosst kéinten erëmgi ginn, wéi vun engem Aussesäiter.
Wie schéi Melodië gär huet, kënnt hei wéi ëmmer op seng Käschten. Dës Kéier mat e puer méi traditionelle Songs wéi an der leschter Zäit gewinnt. An dann déi Stëmm natierlech, déi engem d’Häerz bal an zwee rappe kann.