search

/ Gemengeconseiller Pol Michels wollt Zeeche setzen

Patt-Situatioun zu Ierpeldeng

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Gemengeconseiller Pol Michels wollt Zeeche setzen

E puer Wochen nodeems Bettenduerf sech aus Gespréicher iwwer eng eventuell Nordstadfusioun zréckgezunn huet, ginn et elo Problemer an enger anerer Nordstadgemeng, nämlech zu Ierpeldeng.

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
© Gemeng Ierpeldeng-Sauer
(Foto: Gemeng Ierpeldeng-Sauer)

Bäi enger weiderer Ofstëmmung iwwer den Nordstad-Projet ass et nämlech zu enger Patt-Situatioun komm, de Conseiller Pol Michels huet vu Bierden huet sech nämlech dës Kéier enthalen, déi leschte Kéier hat hie sech nach fir eng Fusioun ausgeschwat. Et kéint een awer net vun engem Sënneswandel schwätzen, sou de Pol Michels. Hie wier weider dofir, datt d‘Ierpeldenger Bierger iwwer eng méiglech Nordstadfusioun kënnen ofstëmmen. Hien hätt als Gewielte Gemengeconseiller an als Representant vun de Bierdener Bierger eng awer gewëss Responsabilitéit.

Wandmillen ass een Dar am Aen

Konkreet geet et ëm e Wandrad, dat op Ettelbrécker Territoire soll gebaut ginn an dat enger Rei Leit zu Bieden en Dag am A ass. Hie wier sech bewosst, datt den Dossier Nordstadfusioun iwwer dee vun enger Wandmille géif erausgoen, hie géif sech awer an dësem Dossier méi Kompromëssbereetschaft vun den zwou groussen Nopeschgemengen Dikrech an Ettelbréck erwaarden.

"Ech menge mir wëllen an Zukunft matenee goen, mir wëllen eis bestueden, da kann et net sinn, datt mer am Virfeld schonn net matenee kënnen op d'mannst diskutéieren an zesummen ënnert engem Stréch eppes festhalen."

Ierpeldeng wuel egal wéi weider dobäi

Wéi hie sech elo beim nächste Vott am Gemengerot zu Ierpeldeng wäert positionéieren, dozou wëllt de Pol Michels sech ëffentlech nach net festleeën. Onkloer ass och, wéini dee Vott wäert sinn, nach virun der Summervakanz oder réischt dono. Sollt et nach eng Kéier zu enger Patt-Situatioun kommen, dann zielt dem Buergermeeschter a Spriecher vun der Nordstad, dem Claude Gleiss seng Stëmm duebel an da wier Ierpeldeng trotzdeem weider derbäi.

play_arrow Lauschteren