Radioen

On air

Concert  |  Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Gleis: Mir hätte gär een offizielle Vott am Bettenduerfer Gemengerot

Nordstadfusioun

Claude Gleis: Mir hätte gär een offizielle Vott am Bettenduerfer Gemengerot

Eng Majoritéit vun der Bettenduerfer Awunner:innen ass dofir, datt d'Gemeng weider un de Sondéierungsgespréicher iwwer eng eventuell Nordstadfusioun deelhëlt. D‘Gemeng selwer huet dat u sech net méi wëlles an am leschte Gemengerot guer näischt an deem Sënn decidéiert. Just, datt ee mat den anere véier Gemengen eng Reunioun ufreet.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Nordstad | © Chris Zeien play_arrow
Nordstad (Foto: Chris Zeien)

Et géif wäertvoll Zäit verluer goen, fënnt den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis. Obwuel d‘Awunner:innen dofir sinn, datt Bettenduerf weider bei de Gespréicher matmécht, huet de Gemengerot sech nach net kloer bekannt. Ob dat elo heescht, datt de Gemengerot de Wonsch vun de Wieler:innen guer net respektéiert, kann de Claude Gleis, Ierpeldenger Buergermeeschter, net soen. 

Hie vertrëtt déi aner véier Gemengen Dikrech, Ettelbréck Schieren an Ierpeldeng. Et wier een net genervt vu Bettenduerf, mee et misst ee sech un eng Timeline halen an den Ament géif een net virukommen. Et hätt ee gären een offizielle Vott am Bettenduerfer Gemengerot, fuerdert de Claude Gleis. Hien hofft, datt et am nächste Gemengerot zu Bettenduerf dozou kënnt. 

Lauschterenplay_arrow