Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pascal Ricquier: D'Ëmsetzung vum Heescheverbuet verstéisst géint d'Policegesetz

Heescheverbuet

Pascal Ricquier: D'Ëmsetzung vum Heescheverbuet verstéisst géint d'Policegesetz

Den CSV-Inneminister Léon Gloden hätt wéinst dem Heescheverbuet eventuell géint d‘Policegesetz verstouss. Dat mengt de Pascal Ricquier, fréiere President vun der Policegewerkschaft. Enn Mäerz huet hien ënner anerem dowéinst seng CSV-Parteikaart ofginn.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

D’Tageblatt hat d’lescht Woch als éischt iwwer seng Demissioun bericht. Am 100,7-Interview huet de fréiere President vun der Policegewerkschaft d’Aarbecht vum neien Inneminister a Saache bannenzeg Sécherheet vehement kritiséiert.

Inneminister berodungsresistent?

De Pascal Ricquier war fir d’CSV bei de Chamberwalen am Süden ugetrueden, hat dofir säi Mandat an der Policegewerkschaft a bei der CGFP opginn, an hat d’Ambitioun, fir Regierungsrot ze ginn. E Posten, deen hie vum Claude Wiseler versprach kritt hätt. Um Enn wier de Léon Gloden vun där Iddi awer net begeeschtert gewiescht.

„Ech mengen, dat ass och säi gutt Recht fir ze soen, ech huelen dech net mat. Dat ass och ok sou. Ech muss och soen, ech wier och lo net frou ginn, wann hie mech matgeholl hätt an hie wier berodungsresistent an e géif Säint einfach duerchzéien.“

Wéi berodungsresistent, dat hätt de Pascal Ricquier an engem Austausch mam Léon Gloden festgestallt. Hien hätt probéiert, dem Minister seng Pläng fir en Heescheverbuet an der Stad a senger aktueller Form auszerieden, allerdéngs ouni Succès.

Zweiwel un der Legalitéit vun der Ëmsetzung vum Heescheverbuet

De Pascal Ricquier stellt, grad wéi de Parquet, déi legal Basis vum Stater Policereglement a Fro an huet och Zweiwel wat d’Legalitéit vun der Ëmsetzung vum Heescheverbuet ubelaangt. Verschidden Decisiounen dierft de Policeminister net eleng huelen.

De fréiere Gewerkschaftler verweist an deem Kontext op d’Artikele 37 bis 40 aus dem Policegesetz vun 2018, no deenen den Asaz vu Polizisten, sief et aus de Gemengen oder vun der Police judiciaire, zesumme mat de Responsabelen aus de Gemengen, der Police a vum Parquet a spezifesche Komiteeën hätt missten ofgeschwat ginn.

„Firwat datt dat lo net geschitt ass, weess ech net, mee do ass eppes wat schif gelaf ass. An ech mengen, wann et schonn e Policegesetz gëtt, wou sou Artikelen dra geschriwwe gi sinn, da muss ee sech och dorunner halen. An da kommen déi Saachen och net vir, datt sech Buergermeeschtere mussen opreegen, an e Procureur an e Procureur general sech mussen opreegen."

Net mat der aktueller CSV-Linn a Verbindung bruecht ginn

De Pascal Ricquier stéisst sech iwwerdeems och un der aktueller Form vun de Pläng fir eng Gemengepolice anzeféieren a fuerdert eng Reform vun der Policeaarbecht.

Fir net mat der aktueller CSV-Linn a Saache Sécherheet a Police a Verbindung bruecht ze ginn, huet hien Enn Mäerz seng Demissioun un d’CSV adresséiert. Bis haut ouni eng Äntwert ze kréien. De Minister Léon Gloden wollt op eis Nofro iwwregens net op d’Reprochë vum Pascal Ricquier reagéieren.

De Pascal Ricquier léisst sech iwwerdeems nach d’Dier op, fir sech op en Neits an der Policegewerkschaft ze engagéieren. Wann d’Polizisten hie géife brauchen, da géif hie sech nees fir e Mandat zur Verfügung stellen.