Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jungle - Let's Go Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Parteie weise sech no der Entrevue mam Macron zefridden

Frankräich

Parteie weise sech no der Entrevue mam Macron zefridden

Fënnef Deeg no der Demissioun vum franséische Premier Michel Barnier koum de President Emmanuel Macron gëschter um Dënschdeg mat alle Parteien - ausser der Lénkspartei an dem rietsextreemen RN zesummen, fir Optioune fir eng nei Regierung ze fannen. Een neie Premier oder eng Premierministesch soll schonn haut oder muer presentéiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Assemblée nationale | © picture alliance / | Daniel Kalker play_arrow
Foto: picture alliance / | Daniel Kalker

Eng nei Method wollt den Emmanuel Macron mat de Parteie sichen, fir ze verhënneren, datt eng nei Regierung och nees no kuerzer Zäit duerch e Mësstrauensvott fält. No 2 Stonnen Entrevue hu sech d'Parteien zefridde gewisen.

Keng grouss Koalitioun ...

Et hätt een zwar net esou vill iwwer konkret Projete geschwat, mee villméi doriwwer, wéi een eng stabil Regierung kéint op d'Bee stellen. Eng grouss Koalitioun, wéi se eemol envisagéiert gouf, schéngt keng Optioun ze sinn. De Sozialistechef Olivier Faure huet kloer Wierder fonnt: Eng grouss Koalitioun géing kee Sënn maachen.

Och de konservative Laurent Wauquiez vu Les Républicains sot, et géing ee keng Allianz mat Parteien agoen, déi net déi eege Wäerter vertrieden. Allerdéngs kéint ee sech op een Accord eenegen, datt e Mësstrauensvott verhënnert gëtt.

... a keng Neiwale bis 2027

D'Sozialisten hunn eng kloer Virstellung dovun, wéi dat kéint ausgesinn. Si wëllen ee lénke Premierminister oder eng lénks Premierministesch a verspriechen an deem Fall net vum Artikel 49.3 Gebrauch ze maache, fir Gesetzer ouni Vott duerch d'Parlament ze boxen. Am Géigenzuch géingen déi aner Parteien dann net mat engem Mësstrauensvott reagéieren, esou wéi et lescht Woch beim Michel Barnier de Fall war.

De President Macron huet an der Reunioun gesot, hie wéilt bis un d'Enn vu sengem Mandat 2027 keng Neiwale méi ausruffen. Och soll de Premierposte schonn haut oder muer nei besat ginn.

Lauschterenplay_arrow