Déi betraffen Autoe sollen an Zukunft am Zentrum 18 Euro d‘Stonn bezuelen, am Plaz vun aktuellen sechs. An der Peripherie sollen et zwielef Euro ginn, am Plaz véier elo. D‘Stad argumentéiert, déi geplangten Erhéijung mat der héijer Ëmweltverschmotzung, déi vun deenen Autoen ausgeet, der viller Platz déi si brauchen, an de Problemer, déi si fir d‘Verkéierssécherheet duerstellen. Déi deier Tariffer solle just fir Visiteure gëllen, net awer fir Awunner, och Handwierker a Fleegedéngschter solle vun der Erhéijung ausgeschloss bleiwen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Paräis stëmmt iwwer méi héich Parkfraise fir SUVen of
Wéinst héijen Emissiounen
Paräis stëmmt iwwer méi héich Parkfraise fir SUVen of
Déi Paräisser decidéieren haut an engem oppene Vott iwwert den Ëmgang mat den SUVen, déi an hirer Stad parken. D‘Buergermeeschtesch Anne Hidalgo wëllt, datt d‘Parke vun SUVen am Zentrum vill méi deier gëtt.
auto_stories
1 min
SUV (Foto: picture alliance / imageBROKER | Arnulf Hettrich)